En Dënschdeg de Moie war d’Verkéierssécherheet Thema an der Emissioun « Invité vun der Redaktioun ».
Sécurité Routière: Assurancegesellschafte stoppen no 60 Joer hier Contributiounen
Fir de ganzen Interview ze lauschteren, klickt w.e.g.l. hei op de link.
All Joer ëm dës Zäit heefe sech d’dramatesch Nouvelle vun eise Stroossen, well d’Leit sech duerch d’Wieder méi zoutrauen. Et wier e Phänomen, deen och am Ausland bekannt ass. Mee a Saache Verkéierssécherheet hätt Lëtzebuerg och e Retard opzehuelen. Dat sot de President vun der Sécurité Routière en Dënschdegmoien als eisen Invité vun der Redaktioun. Als Beispill nennt de Paul Hammelmann déi automatesch Vitesskontrollen, déi a Frankräich 2003 agefouert goufen. Zu Lëtzebuerg war dat eréischt 2020 de Fall. Donieft hätt een am Grand-Duché laang keng Alkoholkontrollen dierfe maachen ouni « Signe manifeste d’ivresse ». Doduerch hätt sech e gewësse Laxismus agebiergert ënner dem mir haut nach géinge leiden.
Mir bräichten d’Infraktioun « Mise en danger de la vie d’autrui »
De Mobilitéitsministère huet fir de Stroosseverkéier e ganz ambitiéisen Aktiounsplang virgestallt, de2n d’Sécurité Routière och begréisst. D’Zil bleift d’Vision zéro, also keen Doudegen a kee Schwéierblesséierte méi. Allerdéngs misst dofir weider sensibiliséiert an nach méi legiferéiert ginn. Ouni Sanktioune géif et nämlech leider net goen. Am Aktiounsplang wieren dofir och konsequent Strofe virgesinn, allerdéngs bedauert d’Sécurité Routière, dass do net « d’Mise en danger de la vie d’autrui » virgesinn ass. Dat ass eng Strof, déi et a Frankräich gëtt fir ganz gravéierend Iwwerschreidunge vum Code de la route, also ganz héich Vitesse an enger Uertschaft oder e ganz héijen Alkoholtaux. Domat kënnen d’Chauffeuren och bestrooft ginn, wann et kee schwéieren oder déidlechen Accident gouf. Domadder kéint een dann och Tuning- an Drifting Concoursen an de Grëff kréien, déi op verschiddene Plazen hei am Land organiséiert ginn. D’Police hätt aktuell nämlech keng Handhab, fir dat ze maachen, ausser verbaliséiere wann den Auto net an der Rei ass.
D’Sécurité Routière fuerdert d’Helmflicht fir de Vëlo
Et fueren ëmmer méi Leit Motorrad. Dat wier eng Hausse, déi een zanter Jore constatéiert. Mee an de Statistike vun den Accidenter tauchen och vill Touristen op, gëtt de President vun der Sécurité Routière ze bedenken. 2024 goufen et 7 Doudeger duerch Autosaccidenter an 9 Doudeger um Motorrad. Dat wieren op d’mannst Zuelen aus der Press. Do misst nach vill méi gemaach ginn. Et hätt een d’Leitplanke méi sécher gemaach, Schëlder opgestallt, mee et misst een d’Chauffeure forcéieren, sech besser z’equipéieren.
Dat gëllt iwwregens och fir Vëlosfueren. D’Sécurité Routière fuerdert d’Helmflicht. De Casque soll souwuel fir Leit um Vëlo, wéi och op Trottinetten obligatoresch ginn. Mee et wier ganz komplizéiert, dat ëmzesetzen. Ganz allgemeng géingen déi séier an eigentlech illegal Elektro-Vëloen [déi iwwer 25km/h fueren an net dofir ugemellt sinn, ndlr.] an Trottinette Suerge maachen. Hei wier d’Technik méi séier viru komm, wéi d’Gesetzer.
Steet d’Sécurité Routière no iwwer 6 Joerzéngte virum Aus?
De President vun der Sécurité Routière huet iwwerdeems d’Rumeure confirméiert, dass hiren Haaptsponsor si vun nächstem Joer un net méi wäerte finanzéieren. D’Assurancëgesellschafte wieren de Meenung, et wier eng Mission accomplie an et bräicht een d’Sécurité routière net méi.
De Paul Hammelmann erënnert drun, dass d’Asbl nieft dem Lobbying, fir Accidenter op der Strooss ze verhënneren, och eng ganz Rei Prestatioune mécht, déi awer misste weidergefouert ginn. Notamment d’Coupe scolaire fir d’Kanner an de Stage de réhabilitation, fir d’Geriichter z’entlaaschten. Dat wier och de Grond, firwat hien aktuell nach President wier obwuel hien ugekënnegt hat, dëst Joer opzehalen. An den Ae vum Paul Hammelmann misst de Ministère déi Charge iwwerhuelen.