De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte lancéiert eng nei Sensibiliséierungscampagne mat Fokus op d’ Sécherheet bei den Zebrasträife. D’Zil ass et, d’ Opmierksamkeet vun de Verkéiersbenotzer*innen ze erhéichen.
« Eist Zil ass et, déidlech a schwéier Accidenter, am Aklang mat der internationaler Strategie « Vision Zero », op eise Stroossen ze reduzéieren, dat gëllt och fir Zebrasträife. Et geet net nëmmen ëm Sensibiliséierung, mee virun allem ëm Verantwortung: d’Leit sollen sech bewosst fir en opmierksaamt Verhalen entscheeden an all Oflenkungen an der Ëmgéigend vun Zebrasträife vermeiden. Bleift opmierksam, bleift konzentréiert a kommt sécher do un, wou Dir erwaart gitt », ënnersträicht d’Ministesch fir Mobilitéit.
D’Vulnerabilitéit vun de Foussgänger*innen ass e weesentlecht Sécherheetsuleies
Bei engem Zesummestouss hu Foussgänger*innen, am Géigesaz zu Automobilistinnen an Automobilisten, kee physesche Schutz. D’Statistike sinn alarméierend: wat d’Vitess méi héich ass, wat d’Iwwerliewenschancë méi kleng si:
- Bei 30 km/h: 85 % Iwwerliewenschance
- Bei 50 km/h: 15 % Iwwerliewenschance
- Bei 60 km/h: bal keng Iwwerliewenschance
Tëschent 2014 an 2024 hu 46 Foussgänger*innen hiert Liewe verluer a 438 goufe schwéier blesséiert. Eleng am Joer 2024 ware Foussgänger*innen a 17 % vun den déidlechen an a 15 % vun de schwéieren Accidenter verwéckelt.
D’Ministerin Yuriko Backes erënnert: « Trotz Verbesserunge bleiwen d’Zebrasträifen als Kräizungszonen Risikoberäicher: all Sekonn vun Onopmierksamkeet kann dramatesch Konsequenzen hunn an am schlëmmste Fall e Liewe kaschten. Foussgänger*innen däerfe bei der Verkéierssécherheet net vergiess ginn! D’Sécherheet bei den Zebrasträifen ass eng gemeinsam Verantwortung a fänkt mat erhéichter Opmierksamkeet an opmierksame Bléck un: Automobilisten, Automobilistinnen a Foussgänger*innen mussen d’Opmierksamkeet ënnerteneen deelen, fir Tragedien esou ze vermeiden. All Accident ass eent ze vill, all Affer ass eent ze vill! »
Eng Campagne géint déi alldeeglech Oflenkunge mat fatalen Auswierkungen
D’Campagne, déi op Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch lancéiert gëtt, beliicht dräi allgemeng alldeeglech Verhalensweisen, déi scho banal gi sinn an awer e grousse Risk fir Accidenter duerstellen:
- D’Benotze vum Handy
- D’Droe vu Kopfhörer
- Oflenkungen duerch Bildschiermer an aner Elementer am Gefier
D’Campagne erënnert och drun, datt zwee Drëttel vun den Accidenter tëscht Gefierer a Foussgänger*innen an der Däischtert geschéien. En aneren Aspekt vun der Sensibiliséierung betrëfft also och d’Wichtegkeet vum Droe vu reflektéierender Kleedung oder op mannst reflektéierenden Aarmbänner: eng Moossnam, déi schonn an der Campagne vun 2024 « Sidd siichtbar – Soyez visibles » thematiséiert gouf.
E puer nëtzlech link’en:
Video op lëtzebuergesch, en français, in english, in english with french sub-titles
Di komplett Presentatioun mat den Affichen, fannt Dir hei.
Pour la présentation en français, veuillez cliquer ici.
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Sécurité Routière ASBL