An senger Carte Blanche beschreift de Paul Hammelmann e banalen Dag, sou wéi vill Leit en kéinten erliewen. Hie weist awer drop hin, dass dëse Bäitrag ausser wat den internationale Kontext ubelaangt, eng Fiktioun ass, déi leider vill ze vill oft Realitéit gëtt.
Fir di komplett Carte blanche ze lauschteren, klickt w.e.g. op dëse link.
Méindes den 21. Abrëll 2025, Ouschterméinden:
Mir fuere fréi fort, well et ass nawell vill Verkéier gemellt fir heem. Fransousen haten och Vakanz a maache sech all haut op de Wee, fir Dënschdes erëm op der Schaff ze sinn. Den Trafic leeft nawell ziviliséiert a mir komme gutt virun.
Op « France Info » ass de Patrice Duhamel am Interview. Hie stellt säin neit Buch vir, « La Photo », eng Dokumentatioun iwwer eng Foto, déi de Mitterand a Gesellschaft vum Maréchal Pétain weist, an déi deemools fir e Skandal gesuergt hat.
No 2 Stonne ma mir eng Kaffispaus a musse feststellen, dass de Verkéier nawell substantiell zougeholl huet. Um Radio gëtt den Duhamel ënnerbrach: lo just ass d’Nouvelle gefall, dass de Poopst de Moien um 7.30 Auer gestuerwen ass.
« France Info » mécht eng Spezialemissioun op, wou un d’Liewen an d’Wierke vum Poopst François erënnert gëtt. D’Emissioun war am viraus preparéiert, wéi et am Journalismus üblech ass bei engem eelere weltbekannte Personnage.Dertëscht kommen ëmmer erëm Live-Schaltungen aus Roum.
Mir maachen eng zweet Paus an ech profitéieren dovun, fir op den Internet-Site vun RTL ze goen: och bei eis am Land gëtt den Doud vum Poopst als éischte Sujet thematiséiert. Drënner steet, dass d’Streck tëscht Diddeleng an Munneref wéinst engem Accident gespaart ass. Mir mussen also en Ëmwee fueren.
Um Radio gëtt den Zeremoniell vun der Sedisvakanz erkläert a spekuléiert, wien den Nofollger vum Franziskus kéint ginn.
Um 12h25 kréien ech en Telefon vun Kieffesch, eis Noperen aus der Brillstross. Hire Fils Gerard hat tëscht Diddeleng an Munneref en Accident mam Motorrad. Hien ass nach op der Platz gestuerwen. Fir de Rescht vum Trajet hunn ech de Radio ausgemaach a mech an meng, an eis Realitéit zréckversat.
Méindes den 21. Abrëll 2025, Ouschterméinden:
International en historeschen Dag, dee weltwäit opgeschafft gëtt.
An der Brillstrooss e banalen Dag, keng Foto, kee Buch, keng Spezialemissioun um Radio, keen Nofollger, dee gesicht gëtt an dach ass hei vun de Moien 21. Abrëll 2025, Näischt méi, guer näischt méi wéi virdrun.
*Dëst ass ausser wat den internationalen Kontext ubelaangt eng Fiktioun… a leider vill ze vill oft Realitéit