Déi sécherst jonk Cycliste vun Europa si gesicht
Fir de ganze Reportage, klickt hei.
Zu Belgrad a Serbien trieden Enn September 4 lëtzebuergesch Kanner un an der europäescher Verkéierssécherheets-Competitioun. Si si gutt preparéiert.
Am Laf vum Summer haten den Automobilsclub ACL an d’Vëlossportfederatioun FSCL, zesumme mat der Police a mat der Sécurité Routière, eng Rei Eventer organiséiert, fir bei Jonken tëscht 10 an 12 Joerd’Agilitéit um Vëlo an d’Preventioun am Stroosseverkéier ze testen. Zil war et, eng Nationalekipp zesummenzestellen, déi um European Traffic Education Contest deelhëlt.
An dësem Concours, un deem 22 Länner deelhuelen, geet et drëms, d’Verkéierserzéiung z’intensivéieren an doduerch manner Accidenter am Stroosseverkéier z’erreechen, an déi Kanner a Jonker um Vëlo implizéiert sinn. Zanter 1986 gëtt et all Joers en ETEC, bei deem fir all Land zwee Meedercher an zwee Jongen, am Alter tëscht 10 an 12 Joer, deelhuelen.
Déi europäesch Finall ass vum 27. bis den 30. September zu Belgrad a Serbien. Wärend engem Dag ginn de Kanner hir theoreetesch a praktesch Fäegkeeten um Vëlo an am Stroosseverkéier getest. Um Enn gewënnt dat beschten Team – eng individuell Tabell gëtt et net beim ETEC.
Am Virfeld vun deem europäesche Concours fir Verkéierssécherheet sinn déi véier jonk Cyclisten op engem extra Training nach emol genee gebrieft ginn. Um Programm stoungen d’Sécherheet op der Strooss, de Code de la route, praktesch Exercicen am Ëmgang mam Vëlo an Interviewe mat de Kanner a mat den Traineren.
Arrivée vun der Lëtzebuerger Delegatioun ass e Samschdeg, e Sonndeg ass d’Competitioun. Den éischten Deel ass moies, an no der zweeter Hallschent am Nomëtte kënnt et uschléissend zur Präisiwwerreechung mat Ofschlosszeremonie.
E Méindeg wäerten eis jonk Athleten dann nach Zäit kréie fir Belgrad kucken ze goen, éier et en Dënschde nom Kaffi wäert heemgoen.