Mat E-Trottinetten ze séier ënnerwee – Vill Verstéiss am Alldag
Viru Kuerzem gouf e Jugendleche schwéier blesséiert, wéi e mat senger E-Trottinett gefall ass.
Bei enger Kontroll vun der Police goufe 14 vu 15 kontrolléierte Gefier saiséiert.
Nieft der Vitess ginn et och kloer Reegele fir d’Equipement: Luuchte vir an hannen, eng Schell fir ze warnen an eng gutt Visibilitéit sinn obligatoresch. E Casque ass net virgeschriwwen, gëtt awer staark recommandéiert.
D’Sécurité Routière weist drop hin, datt E-Trottinetten esouguer méi geféierlech kënne si wéi Vëloen, besonnesch bei héijer Vitess.
Trottoire sinn tabu
Och am Verkéier selwer gëtt et ëmmer nees Problemer. E-Trottinetten dierfen, wéi Vëloen, op Vëlospisten oder op der Strooss fueren. Trotzdeem gesäit ee se ëmmer méi dacks um Trottoir. Do hu se awer näischt verluer. D’Trottoire wiere fir Foussgänger reservéiert, erënnert d’Direktesch vun der Sécurité Routière, Isabelle Medinger.
Hei ass de link fir de ganzen Artikel.
e Reportage vum Lisa Weisgerber