E Phenomeen, dee bei de Leit ëmmer méi fir Onmutt suergt, sinn déi elektresch Trottinetten, déi méi oder manner legal zirkuléieren. D’Reglementatioun ass kloer, mee d’Verhale gesäit dacks net dono aus, mengt d’Isabelle Medinger, Direktesch vun der Securité Routière, an hirem Fräie Mikro.
Dem Enge seng Fräiheeten halen do op, wou deem Anere seng ufänken. Dee Sproch ass net nei. Wat nei ass, ass d‘Selbstverständlechkeet mat där ëmmer méi Leit hir Fräiheete bis op d’Äussert an doriwwer eraus dreiwen, komplett lassgeléist vun engem Kollektivitéitsgefill an ouni Eegeverantwortung.
« Me first » ass den Trend.
Fir de komplette Fräie Mikro ze lauschteren, klickt w.e.g. hei.
Eng Gebrauchsanweisung, déi net jidderee liest
Et gëtt op seng individuell Fräiheete gepocht a mam Fanger op déi Aner gewisen. De Code de la route – wat iwwregens e Gesetz ass – an e friddlecht Zesummeliewen op der Voie publique solle garantéiert ginn. Mee dat ass an der Mentalitéit vu munche Leit zu enger Gebrauchsanweisung verkomm, déi een och net onbedéngt muss liesen.
Ëmmer manner informéiert, woubäi awer alles ëmmer méi komplex gëtt. Parallel wiisst d‘Récksiichtslosegkeet vun deem Eenzelen. Dat kann net funktionéieren.
Ze vill Individualisten?
All Vehikel, dee gefält, muss hier. Iwwerdimensional, kompakt a séier, iwwermotoriséiert, haart, getuned, entdrosselt, illegal an op de falsche Plazen ënnerwee.
De Marché gëtt alles hier, wat d’Häerz begiert.
De Legislateur huet ëmmer méi Schwieregkeeten d‘Gesetzer unzepassen un déi vill Individualisten. Mee och d‘Reglementatioun huet Limitten, nämlech wann den iwwerdimensionéierten Ego kee kollektive Konsens méi erlaabt.
Schutzzon Trottoir
Leittragenden ass de Foussgänger, dee Schwaachen, dee Luesen. Woubäi deem seng Rechter missten allerhéchst Prioritéit hunn, well jiddereen ass jo als éischt Foussgänger.
Deen Espace, deen nach bleift fir Mënschen, déi am Schrëtttempo an, oder ze fouss ënnerwee sinn – geschützt am Prinzip – ass den Trottoir.
Déi « Microvéhicules électriques », wéi se am Code de la route heeschen, Trottinett an ähnleches, sinn um Trottoir verbueden a mussen op der Strooss fueren. Keen Erwuessene mat Vëlo oder op anere Rieder huet do eppes verluer. Punkt.
A contrairement zu deem wat vill Leit mengen, gëtt et och bei den Elektrotrottinette ganz kloer Reegelen. D’Gesetz mécht en Ënnerscheed, wat d’Puissance vun deene Gefierer ubelaangt, an definéiert, vu wéi vill u se mat engem Motorrad gläichgestallt sinn, mat all de Reegelen déi dat bedeit.
Et herrscht e ganz grousse Malaise bei de Leit, deen een net einfach kann ignoréieren.
Zuel vun Accidenter geet erop
Et soll een awer och net an dat anert Extreem verfalen an och net a Verallgemengerungen. Am Moment wiisst dee Phenomen Trottinett, an domat och d’Zuel vun den Accidenter, duerch Falen oder Kollisioune mat Foussgänger.
Prioritéit muss et sinn, de Foussgänger ze schützen.
De Verkaf vun Trottinetten, esou bleift et ze hoffen, wäert net iwwer e gewësse Seuil erausgoen.
Nach méi erhoffenswäert wier, wann den Trend « me first » och géing zeréckgoen. Mee verschidde Saache kommen ni aus der Moud.