Preventioun oder Bervormundung?
Fir an der Preventioun virunzekomme muss de Staat Decisiounen huelen, déi op den éischte Bléck net ëmmer ganz populär sinn. Kuckt een awer mam Recul, wéi gréisser Moossnamen an der Gesellschaft herno ganz natierlech ugeholl ginn, mierkt een: Vill Opreegung war fir ëmsoss, mengt d’Isabelle Medinger.
Fir de fräie Mikro ze lauschteren, klickt wegl hei.
Ee vun den Haaptpiliere vun der Santé publique ass d’Preventioun. Lo ka jo eigentlech kee géint d’Santé publique sinn.
Géint dem Staat säi Striewen nom Wuelbefanne vun der Allgemengheet an dem Eenzelnen ass grondsätzlech näischt anzewenden. Bei der Preventioun, ass et schonn net méi sou evident.
Wéini muss een einfach duerchgräifen?
Net jidderee gesäit den héijeren Zweck vun der Preventioun och als solches un. Eppes, wat vun « uewe rof diktéiert » gëtt, fält da gär direkt an d’Kategorie Bevormundung.
Virbeugen oder bevormunden? Anescht ausgedréckt: Wéini muss een ophalen op d’Asiicht vun de Leit ze zielen an einfach duerchgräifen?
Dat ass a war méi wéi eng Kéier de Fall an den Agrëff a Gewunnechten ass bei villen als Aschnëtt an déi perséinlech Fräiheeten ugesi ginn, souguer wann et zu hirem eegene Gudde war.
D’Beispill vum Fëmmverbuet, …
Well et dëst Joer 20 Joer hier ass, huele mir als Beispill d’Fëmmverbuet. Jidderee weess, datt Fëmme schiedlech ass.
Dat ass e Fakt. Trotzdeem si mir net laanscht e Verbuet komm. E Verbuet, wat jo am Fong den arméierten Aarm vun der Bevormundung ass, iwwerspëtzt ausgedréckt.
Wéi d’Fëmmverbuet agefouert gouf war dat mat vill Gejäiz verbonnen. D‘Enn vum Horesca-Secteur stoung wéi esou dacks virun der Dier.
… an dono vum Punkteführerschäin
Den Ënnergang war schonn 2002 mam Punkteführerschäi virausgesot ginn. An duerno sollt et nach méi schlëmm kommen. Mir sinn 2007 als Schlussliicht an Europa op en Alkoholtaux vu maximal 0,5 Promill gefall.
Dës Mesuren hunn all kéiers en hëtzegen Debat ausgeléist. Si hunn awer d’Santé publique an d’Sécherheet ouni Zweifel virubruecht. Den Ënnergang vu ganze Secteuren oder Beruffsgruppen, deen an d’Feld gefouert gouf, ass net agetratt.
Stëllstand kann och onpopulär sinn
Weder d‘Fëmmverbuet, nach d’Erofsetze vum legalen Alkoholtaux waren d‘Enn vum gesellschaftleche Liewen, nach war de Punkteführerschäin d‘Ausläsche vun de Beruffschauffer. An och trotz Radaren ass et nach ganz ville Leit méiglech, Punkten um Permis ze hunn.
Mir wëlle jo nëmmen net nerven an de Bierger muss matgeholl ginn.
Ass dat esou? Oder muss een heiansdo einfach den Dicks vun uewe rof geriicht kréien.
Schlussendlech sinn all déi Mesuren elo onëmstridden a selbstverständlech. Si hunn eis Gesellschaft virubruecht.
Heiansdo ass Stëllstand méi onpopulär wéi Weichen ze stellen.