Reportage RTL Telé, Journal, 08/04/2025, Pierre Jans
Fir de komplette Reportage ze gesin, klickt wegl hei.
ACA-Direkter Marc Hengen iwwer Sécurité Routière: Assureuren hätten aner Projeten, déi se an Zukunft ënnerstëtze wëllen.
Dat huet den Direkter vun der ACA am RTL-Interview erkläert, nodeems d’Rumeure confirméiert goufen, datt d’Sécurité Routière hiren Haaptsponsor verléiert.
Dat hat de President vun der Sécurité Routière, de Paul Hammelmann jo en Dënschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun bestätegt. Vum nächste Joer un iwwerweise véier Auto-Assureuren net méi hir Donen an Héicht vun 275.000 Euro d’Joer. Déi géife batter feelen am Budget annuel vu maximal 800.000 Euro. Véier Paie musse bezuelt ginn, huet de President Paul Hammelmann als Invité um Radio betount.
Am RTL-Interview erkläert den Direkter vun der Associatioun vun den Assureuren zu Lëtzebuerg ACA Marc Hengen, datt een net de Verdéngscht an och net d‘Aarbecht vun der Sécurité routière géif a Fro stellen. D‘Assureuren hätten aner Projeten déi se wéilten an Zukunft ënnerstëtzen. Am Fall vun der Sécurité routière géife si sech einfach d’Fro stellen, ob si missten den Haaptdeel sponseren.
Uganks Mee ass eng Reunioun mat der Sécurité routière, dem Transportministere an der ACA. Et geet iwwer d’Zukunft vun der Sécurité routière an hiren Aktiounen, ewéi de Code de la route an einfacher Sprooch an d‘Coupe scolaire. Bis ewell steiert den Transportministère 125.000 Euro pro Joer fir d‘Sécurité routière bäi.
« Kee Promill am Automobil »
« De Patt an Éieren, ma looss dech féieren! », « Kee Promill am Automobil » oder nach « Sief keen Déier am Verkéier ». Villen dierften dës Slogane ganz bekannt virkommen. Esou hu Campagnë vun der Sécurité routière aus de leschte sechs Joerzéngte geheescht. 1960 gouf d‘Organisatioun gegrënnt mat der Missioun: d‘Verkéierssécherheet