Eng gutt Verkéiersplanung ass eng komplex Saach. Mee mir sinn op engem Punkt ukomm, wou d’Reegelen einfach net méi iwwerschaubar sinn. Et entsteet vill Konfusioun awer keng Sécherheet, mengt déi fréier Journalistin an Direktesch vun der Sécurité Routière, d’Isabelle Medinger, am Fräie Mikro.
Fir de Bäitrag ze lauschteren, klickt hei.
De Verkéier plange ka komplex sinn a stellt déi Responsabel viru ganz grouss Erausfuerderungen. Ëmmer méi Verkéier, ëmmer méi Uspréch, ëmmer méi Reegelen, fir datt Auto, Vëlo, Foussgänger an den ëffentlechen Transport sécher laanschtenee kommen.
Wéi deemols an der Schoul
Wa mir an der Schoul en Exercice gemaach hunn, dee komplizéiert war, hu mir dacks missen dra verbesseren. Den Tintenkiller an de Gummi si vill zum Asaz komm. Wa mir dann an de Skizze bis mat Faarwe geschafft hunn, ass et méi komplizéiert ginn.
Well wann ee Faarwen asetzt, déi net mam Gummi ausginn, da muss een den Exercice ganz duerchdenken. A wann een da beemol virun enger onlieserlecher iwwerluede Säit sëtzt, da kënnt een zu enger batterer Conclusioun: Ech muss e frëscht Blat huelen a vu vir ufänken.
Nëmme gutt Absichten
Esou geschitt och an der Verkéiers-a Sécherheetsplanung zu Lëtzebuerg am Allgemengen, an an der Haaptstad am Spezifeschen, mee och an anere Gemengen am Land.
Bis elo huet just nach kee sech getraut d’Säit ganz erauszerappen. Si si momentan nach ëmmer am gaang, déi schonn iwwerluede Skizzen ze verbesseren an nach dobäi ze molen.
Bei all deenen Iddie sinn déi meescht och guer net schlecht. Deen Duercherneen ass kengem seng Schold, an all déi, déi mat um Exercice schaffen, hunn och nëmme gutt Absichten.
Et ass jo eng Gruppenaarbecht.
Et ass ze kompizéiert ginn
Just: Esou kann een déi Kopie net ofginn, well kee versteet, wat se wëlle soen, a well et um Enn eng schrecklech Datz gëtt. An dat just, well keen sech traut ganz nei unzefänken.
Am Ufank hate mir Stroossen, do war plazeweis wäiss Faarf drop gemoolt. Do duerft een als Foussgänger driwwer goen, well et do anscheinend sécher war. Et goufe Linnen, déi waren duerchgezunn. Do duerft kee Gefier driwwer fueren. Wa se gestréchelt waren duerft een.
Do gouf et just véierriederech Gefierer mat engem Verbrennungsmotor dran a Foussgänger ouni Handy a Kopfhörer.
An du beemol si ganz vill Saache geschitt, an den Exercice ass super komplizéiert ginn. Mir mussen nach ganz aner Saachen dobäi setzen an der Zeechnung, well der och mat zwee Rieder kommen, mat Suedel oder ouni, mat Motor oder ouni. A mir benotze vill rout Faarf.
Suggestiv oder obligatoresch, rout oder net?
D’Iddi ass, datt déi rout Faarf iwwerall dat selwecht heescht. Esou wéi e grénge Männchen ëmmer dat selwecht heescht.
A wéi ass et gaangen am Lëtzebuerger Land? Beemol huet déi rout Faarf geheescht: « Virfaart fir déi Lues op zwee Rieder », awer heiansdo och « Opgepasst, keng Virfaart fir déi Lues op zwee Rieder », déi esou lues guer net ëmmer sinn.
Dunn ass déi rout Faarf rëm plazeweis ewechgefräst ginn.
Du krute mir nach en neie Proff, dee war och gutt, mee hat e bëssen aner Iddien. Do gouf et Problemer, well d’Zeechnung nach méi iwwerluede war. Vëlosstrooss, Vëlosfucht, Vëlospist, Vëloswee, suggestiv oder obligatoresch, rout oder net.
Eng deck Datz
A beemol krute mir och nach en Ersatz, en Externen. Dee wollt och puer Saache blo molen. A beemol ass déi wäiss Faarf um Buedem net méi duergaang, dee grénge Männchen och net méi. Den externen Ersatz sot, maacht emol de Poteau blo mat wäiss gesträift, a setzt faarweg Figuren dobäi a kuckt mol, datt dat e bësse blénkt.
A jidderee wollt e bemol och puer Saachen déi blénken an déi blo sinn. Den Ersatz huet sech duerchgesat. Blo gesträift iwwerall, an et glënnert a blëtzt.
Dunn hu mir dat och nach op eis Skizz gemoolt a mir hunn eis iwwerluede Kopie, déi mir selwer net gutt fonnt hunn, ofginn.
Et huet keen eppes verstan. Mir kruten eng deck Datz.