Carte blanche / fräie Mikro

Referendum soll kee Selbstzweck sinn

Firwat si Referende generell do? Wéi dacks ass et sënnvoll oder gesond, d’Verantwortung ze delegéieren? Dat freet sech déi fréier Journalistin an Direktesch vun der Sécurité Routière Isabelle Medinger am Fräie Mikro.

An der Lescht hate mir zu Lëtzebuerg e puer Referenden: Sief et zu Ierpeldeng-Sauer, wou et ëm d’Gespréicher iwwer d’Nordstadfusioun goung, oder zu Leideleng, wou d’Bierger:innen iwwer den Tempo 30 konnten ofstëmmen. Mee: Firwat si Referenden eigentlech do?

Am Prinzip fir eng perséinlech Meenung zu engem bestëmmten Theema bei de Bierger:innen ofzefroen. Fir méi Legitimitéit bei engem Entscheedungsprozess ze hunn, oder einfach fir d’Decisiounsgewalt ofzetrieden?

Fir d¨se fräie Mikro ze lauschteren, klickt wegl hei.

Virun allem op Gemengenniveau diskutabel

Zu Lëtzebuerg hu mir e gestéiert Verhältnis zu Referenden. Mir froen zwar eng Meenung zum Walrecht, net awer zur Trennung vu Kierch a Staat, obwuel dat allebéid gesellschaftspolitesch Froe sinn.

Nach méi diskutabel gëtt et, wa mir ob Gemengenniveau Referende maachen. Ze froen, ob een nach mam Noper soll, dierf, oder muss schwätzen, an nodréiglech kucken, wéi bindend d’Resultat vum Referendum ass – Beispill Nordstad – ass scho speziell.

Zu Leideleng goufen d’Awunner:inne gefrot, ob si fir eng Limitatioun op 30 km/h an der ganzer Uertschaft sinn. D’Äntwert war e knappen « Nee ».

D‘Vollek huet dat net « geliked » a d‘Gemengeresponsabel brauchen esou responsabel dann och net ze sinn. Et gouf delegéiert. Hei gëtt sech dann un d’Resultat gehal. Daum no ënnen, Dossier vum Dësch. Dat ass sech d’Saach ganz einfach gemaach.

Sécherheet ass keng Affaire de goût

Eng Vitesslimitatioun ass kee Beléiftheets-Concours oder eng Affaire de goût. Et ass keng Fro vun Iwwerzeegung oder Mentalitéit vun deem Eenzelen. Et geet ëm eng Gesamtplanung, déi op Recherchen an Analyse vu Professionelle fousst an déi vun der Politik no Krittäre vu Sécherheet, Nohaltegkeet a gudder Gestioun vum Trafick a vun der Liewensqualitéit am Grousse ganzen ëmgesat gëtt.

Eng Entscheedung am Sënn vum Allgemengwuel, keng Nimby Politik.

Wou bleift an dëse Fäll eng weeweisend Politik, déi supposéiert ass, d’Situatiounen aus engem objektive Bléckwénkel, an net aus dem Virgäertchen eraus ze analyséieren? Wou bleift e Gesamtkonzept, wou eng nohalteg Visioun?

Wa mir Leit op Verantwortungsposte wielen, da komportéiert dat och Verantwortung ze iwwerhuelen. An och mol Courage ze weisen.

Wat ass e Referendum wäert, deen aus lauter zesummegewierfelten a géigesätzleche Privatintressen ervirgeet, jee nodeem ech op der Haaptstrooss wunnen, oder an enger roueger Cité, oder nach a wat fir enger Liewenssituatioun ech grad sinn.

Schlëmmstefalls ofhängeg dovunner, ob ech de Schäfferot leide kann oder net.

Net genuch « Likes »?

Wann déi Gemengeresponsabel zu Bartreng e Referendum ofgehal hätten, fir oder géint hire Shared space, da géing haut den Duerfkär am Autosverkéier erstécken. Da géing am grujelege Schëlder- a Luuchtebësch am Stop and go duerch dat ganzt Duerf gefuer ginn. Och do gouf et am Ufank ganz kloer Géigewand.

Mee et war Courage do, a gestalteresche Wëllen an d’Gemeng huet transparent an a villen Informatiounsversammlungen hiert Konzept erkläert an ass op de Leit hier Froen a Retizenzen agaang.

Vill aner Gemengen hunn hinnen et nogemaach. Och mat Succès.

Zu Leideleng ass dee Prozess am Keim erstéckt ginn. Net genuch « Likes ». Schued.